Ok, erëm ee Video, dee gedréint ginn ass mat enger Canon Eos 5DII. Däer ginn et der ëmmer méi a soulues huet ee sëch un déi grandios Qualitéit gewinnt. Mee bei desem Video ass méi hannendrun. Den Tim an Nick Hahne hunn et fäerdeg bruecht déi ganz speziell Ambiance vum 24h Rennen op der Nordschleife anzefenken. Ech krut Gänsehaut….
Fir déi Leit, déi kee Benzin am Blut hunn, gëtt et hei och nach ee ganz interessante Projet, den Ferdinand GT3 RS. Dëst soll éischter eng Gedankenunreegung sinn op daat Thema vun der Geschwindegkeetsverherrlechung (waat e Wuert).